Tiers lieu culturel?

Dëst ass d’Geschicht vun enger gudder Iddi, a wéi d’Escher Kulturpolitik se verschass huet. Op dësem Site gëtt d’Entwécklung vun der Skandal-ASBL “frEsch”, den Ënnergank vun der Kulturstrategie “Connexions” vun der Escher Gemeng, d’Intrigen ronderëm d’Kulturhaaptstad Esch2022, an d’Scheiteren vum Tiers-lieu Bâtiment 4 dokumentéiert.
Wat ass de Bâtiment 4?
De Beschreiwunge vun der Escher Gemeng, vun Esch2022, vu frEsch a souguer vun der Regierung no ass de Bâtiment 4, dat alt Direktiounsgebai vun der Friche Esch-Schëffleng, een “tiers-lieu culturel et citoyen”. D’Plaz vun iwwer 3.000m² géif vun engem onofhängegen Kollektiv vu Bewunner*innen geréiert ginn a wier een Uert vu Fräiheet, Experimenter souwéi sozialer an ökologescher Innovatioun. Souwäit d’Theorie.
Wat ass frEsch?
frEsch ass eng A.s.b.l., déi vun der Escher Gemeng gegrënnt gouf fir déi eege Kulturstrategie ëmzesetzen. De Veräin huet de Moment ca. 24 Mataarbechter*innen an e Verwaltungsrot mam Escher Kulturschäffen Pim Knaff un der Spëtzt. frEsch géif dorunner schaffen aus Esch ee Pôle vun der Kreativitéit, der Diversitéit, der Innovatioun an der Kreatioun ze maachen. Souwäit d’Theorie.
Timeline
Esch setzt op d'Kultur
“Wir werden nicht einfach so ein neues Theater bauen und teure Musikgruppen einladen oder gar Pavillons errichten, die nach zwei Jahren wieder abgerissen werden” (Forum, 2016)
Mat dëse Wierder präsentéiert déi deemoleg Buergermeeschtesch Vera Spautz de Plang vun der Stad Esch, sech als europäesch Kulturhaaptstad 2022 ze bewerben.
Fir d’Konditioune vun der EU Kommissioun ze erfëllen, gëtt am Juni 2017 och eng Kulturstrategie gestëmmt. De “Plan [Connexions]” kritt am Gemengerot d’Zoustëmmung vun alle Parteien. Eng kloer Intentioun gëtt definéiert:
« Faire d’Esch-sur-Alzette, un centre culturel créatif reconnu (dans la Ville, la région, le pays et la Grande Région) pour la diversité de sa culture et sa capacité d’innovation et de création. » (Plan Connexions, 2018)
Vum Bâtiment 4 gëtt dee Moment nach net geschwat. Allerdéngs steet d’Iddi vun enger oppener Plaz fir Kreatioun anzwousch um Terrain vun der aler Industrie-Friche Esch/Schëffleng am Raum.
Politesche Wiessel a Kulturputsch
Den 8. Oktober 2017 si Gemengewalen. Eng Koalitioun vun CSV, DP a Gréng schéckt d’LSAP an d’Oppositioun. De Georges Mischo gëtt Buergermeeschter an den DP Spëtzekandidat Pim Knaff Kulturschäffen. Wéi den 10. November 2017 d’Bewerbung vun Esch zur europäescher Kulturhaaptstad offiziell ugeholl gëtt, ass déi nei Koalitioun schonn am Amt.
D’Koalitiounsofkommes a puncto Kultur: Immens vague – a gëtt konsequent ignoréiert.
Ugestouss vum Xavier Bettel a sengem Kulturstaatssekretär Guy Arendt kënnt et zum Putsch und der Spëtzt vun Esch2022: D’Personal ronderëm d’Janina Strötgen an den Andreas Wagner (Tageblatt, 2018) gëtt duerch eng “Stater Clique” ersat, wéi d’Equipe ronderëm d’DP-Politikerin Nancy Braun an de Christian Mosar offälleg betitelt gëtt. No baussen hin bekennen sech all déi Bedeelegt weiderhin zur Grondiddi vum Bidbook, geheien awer 90% dovunner iwwer Bord (Land, 2020). Amplaz ëm d’Diversitéit geet et elo ëm d’Promotioun vum Technologie-Standuert.
Gläichzäiteg gesinn déi eenzeln Südgemengen hier Chance Souveränitéit zeréckzegewannen an hiere Budget aus der Keess vun Esch2022 zeréckzezéien. Doduerch kréie si méi Kontroll doriwwer, wat an hiere jeweilege Gemengen am Kader vun der Kulturhaaptstadt ëmgesat gi wäert. Esch2022 ass geschwächt.
Optrëtt vun de Beroder
An engem Interview präziséiert den Koordinateur vum Escher Kulturservice Ralph Waltmans schonn am Februar 2016 firwat d’Kulturjoer gelénge wäert: “Zudem arbeiten wir auch mit dem gleichen Expertenteam, das Mons und Lille bei der Konzeption und Planung unterstützt hat” (Forum, 2016). Domat mengt hien d’Equipe ronderëm den Emmanuel Vinchon. Dësen Kulturberoder huet dat éischt Bidbook fir Esch geschriwwen an ass domat op d’Nues gaangen. Dat wor allerdéngs net d’Enn vun der Karriär vum Emmanuel Vinchon a senge Leit zu Esch - mee den Ufank.
Ënnert dem neie Kulturschäffen Pim Knaff kritt den Emmanuel Vinchon 2018 zu Esch d’Leedung vun der “Nuit de la Culture” (Le Quotidien, 2018) iwwerdroen a baut dëst zu engem Mega-Event ëm. Den Beroder Emmanuel Vinchon a säin Team vu Masters of Buzzwords, den ambitionéierten Kulturschäffen Pim Knaff an den Koordinateur vum Escher Kulturservice Ralph Waltmans (deen sech nei erfënnt an vun elo un den Titel “Direkter” dréit) verbënnt eng gemeinsam Virstellung vu Kultur: Méiglechst prestigiéis Events am ëffentleche Raum mat eemolegen Wow-Effekter, ëmgesat vu Profien aus dem Ausland, sollen der Stad een neien Image verschafen.
De Succès an d’Nohaltegkeet vun Esch2022 (Reporter, 2018) souwéi de Plan Connexions spille just nach fir d’Rethorik vis-a-vis vun der Press eng Roll.
En "Tiers-lieu culturel" fir Esch? Dajee alt.
Konsequenterweis geet den entscheedenden Impuls fir de Bâtiment 4 opzemaachen net vun der Escher Gemeng aus, et sinn d’Œuvre Nationale de Secours an Esch2022, déi Enn 2019 den Appel à projets “Tiers lieux culturels” lancéieren. De Begrëff “Tiers Lieu” beschreift ee konkret Konzept vu lokaler a partizipativer Zesummenaarbecht an ass sou zu Lëtzebuerg nach net etabléiert.
De Kulturschäffen Pim Knaff beschäftegt sech am Fong grad mat sengen neien Kulturtempelen. Mee mam Bâtiment4 als Tiers-lieu gesäit hien d’Chance, fir sech nach ee Gratis-Projet an d’Vitrinn ze stellen, deen, opmanst no baussen, déi ursprénglech Ziler vun der Escher Kulturstrategie spiggelt. D’Gebai kritt hien fir näischt vun Arcelor-Mittal zur Verfügung gestallt an doduerch, dass d’Escher Gemeng am Abrëll 2020 d’A.s.b.l. “frEsch” grënnt (culture.lu, 2021), wénken 400.000€ Fërderung vun der Œuvre.
D’Land huet d’Verspriechen vum Pim Knaff aus där Zäit festgehalen:
“Nun soll das Gebäude als sogenannter Tiers-lieu culturel dienen. Ein Freiraum ohne festes Programm, ohne klar definierte Struktur und ohne Hierarchie. Im Bâtiment IV sollen sich Personen eher zufällig treffen und den kulturellen Austausch suchen. Die Dinge sollen sich von unten entwickeln, wie Kultschöffe Knaff sagt, ohne klare Vorgabe und Zielsetzung” (Land, 2020).
Investitioun a Steng a Beton
„Wir werden keine neuen Kunsttempel errichten” sot den Chef vum Escher Kulturservice Ralph Waltmans 2016 en Vue vun Esch2022 (Wort, 2016), mee wat d’Kulturhaaptstad méi no kënnt, wat d’Virsätz méi verschwannen. De Kulturschäffen Pim Knaff kënnegt houfreg den Ëmbau vum Bridderhaus, d’Renovatioun vum Resistenzmusée, een neie Conservatoire, d’Renovatioun vum Ariston, d’Ouverture vun engem Konschtmusée am fréiere Miwwelgeschäft Lavandier, souwéi den “Tiers Lieu” Bâtiment 4 un (Wort, 2020). Dat alles wuelgemierkt onofhängeg vun Esch2022.
Am Muechtkampf ëm d’Kulturhaaptstad konzentréieren sech d’Südgemengen op déi eegen Agenda, amplaz zum Gesamtprojet bäizedroen. Esch2022 fokusséiert sech op private Sponsoring (Land, 2021). Am Sträit verléisst den Directeur Artistique Christian Mosar Enn Mee 2020 Esch2022 (Wort, 2020) a wiesselt eriwwer bei frEsch fir d’Konschthal an d’Bridderhaus opzebauen. frEsch gëtt, sou kommentéieren eng Rei Zeitungen, eng Zort Escher Konkurrenzprojet zu Esch2022.
Den 10. Juli 2020 iwwergëtt ARCELOR-Mittal frEsch d’Schlësselen vum Bâtiment 4 (esch.lu, 2020), allerdéngs ass et net de Bâtiment 4, mee et sinn d’Konschthal an d’Bridderhaus, déi op ee mol déi zentral Projeten vu frEsch sinn. Bei frEsch geréit de Bâtiment 4 an den Hannergrond.
Et kënnt Liewen an de Bâtiment 4
Den 13. November 2020 mécht d’Ausstellung vu CUEVA, eng “Biergerinitiative” wéi den Responsabelen Théid Johanns se nennt, am Bâtiment 4 op (CUEVA, 2020). Iwwer 100 Kënschtler*innen hu sech déi verschidde Räim fir Ausstellungen an Installatiounen ugëeegnet a lackelen trotz Pandemie e gréissere Public an d’Gebai (Wort, 2020).
No der CUEVA Ausstellung konstituéiert sech een neit Kollektiv: Am Ufank sinn dës d’Initiative HARIKO vun der Croix Rouge, déi no villem hin-an-hier am Bâtiment 4 eng fest Heemecht fanne soll, den Escher Theaterkollektiv Independent Little Lies mat senge diverse Projeten an F.u.t.u.r.e. vu CELL, déi vun Esch2022 den Zouschlag kruuten aus der Plaz virum Bâtiment 4 eng partizipativ eco-responsabel Piazza ze maachen. De Grupp Richtung22 verstäerkt dës Equipe kuerz drop an zesumme gëtt déi grondleeënd Struktur ausgeschafft, déi den Alldag an d’Zesummenliewen am Gebai, sou wéi d’Autogestioun organiséiere soll.
frEsch iwwerhëlt ee “facilitateur technique” fir de Bâtiment 4 direkt vun Arcelor, deen elo d’Mise en conformité vum Gebai iwwerwaacht. Am Mee 2021 kënnt dann ee “facilitateur culturel” dobäi, deen den B4-Kollektiv bei allen administrativen an organisatoreschen Aufgaben ënnerstëtze soll. Am Groussen a Ganze bleift frEsch bis zum Enn vum Joer 2022 am Bâtiment 4 bal onsiichtbar.
Aussenduerstellung vum Batiment 4
“Ce Tiers-lieu culturel est géré par un Collectif indépendant constitué des occupant.e.s permanents (Hariko, CELL, ILL, Richtung22) et fondé sur l’inter-coopération des associations et des publics” (Citylife, 2021) schreift d’Escher Gemeng an hierer Präsentatioun fir d’Ouverture vum Gebai.
frEsch, d’Escher Gemeng an och Esch2022 schreiwe sech de Bâtiment 4 bei all Geleeënheet op de Fändel. Bei Esch2022 heescht et:
“The core values underpinning this project are creativity, intercooperation and co-creation; the desire to create a more open and solidary society based on recognition, respect, welcoming and valuing the Other; the desire to establish a shared culture and a ‘cultural democracy’; and, finally, a desire to build an ecological and resilient world.” (Esch2022, 2021)
Well sech déi Responsabel just fir d’Kontroll vun der Aussenduerstellung interesséieren, rappen si d’Kommunikatioun vum Bâtiment 4 an och d’Organisatioun vun der fir Dezember 2021 geplangten Ouverture u sech. D’Aarbecht vum Cercle de Communication vum B4-Kollektiv gëtt ënner Opsiicht inklusiv Veto-Recht vu frEsch gestallt a schlussendlech ganz vu frEsch iwwerholl. Amplaz der geplangten Porte-Ouverte mat klengem Festival (Käschtepunkt 7.000€) wëll frEsch et bei der offizieller Ouverture vum Bâtiment 4 knuppe loossen. D’Organisatioun gëtt ausgelagert, iwwer 55.000€ investéiert an op deen offiziellen Schampes-Empfank Moies sinn d’Leit aus dem Bâtiment 4 mol guer net méi invitéiert. Owes floppt d’Party, déi absolut iwwerdimensionéiert ugeluecht wor.
Esch ass Kulturhaaptstad
Nieft dem grousse Rakéitestart beim Opening vun Esch2022 Enn Februar 2022 bleift d’Anekdot an d’Erënnerung, dass déi Escher ronderëm de Georges Mischo an de Pim Knaff sech éischt op der Bühn an de Virdergrond gedréckt hunn an duerno léiwer an de Restaurant gaange sinn wéi weider beim offizielle Programm vun Esch2022 dobäi ze sinn. Gréissten Opreeger vum Joer ass een Zeitungsartikel aus Groussbritannien iwwer “the EU’s most boring Capital of Culture” (Telegraph, 2022). D’Konschthal ass dee gréissten Deel vun der Zäit wéinst Renovatiounsaarbechten zou, och d’Bridderhaus gëtt just spéit am Joer opgemaach. Mee d’Black Eyed Peas (ouni Fergie) spillen virun den Héichiewen um Belval an de Schäfferot präsentéiert BMWen.
Et schéngt, wéi wann et dräi verschidden Kulturhaaptstied géif ginn. Éischtens d’Projeten vun Esch2022 selwer, déi wéi eng Reklamm fir den Technologiestanduert Belval wierken. Zweetens de Kulturprogramm vun de Südgemengen, déi sech ënnerteneen mat importéierten Prestige-Events, Volléksfester a Feierwierk iwwerbidden. An Drëttens déi grouss Zuel u méi klengen Projeten, déi vun onofhängen, lokale Gruppen ëmgesat ginn.
“E roude Fuedem duerch de roude Buedem” vu Maskénada, “Nightsongs” an d’“Biergerbühn” vun ILL, “Héichkultur amplaz Héichuewen” vu Richtung22, “L’arrivée de la -Jeunesse” vu PassaParola, “The visit” vu Lucoda, F.U.T.U.R.E. oder och “Desire Lines” vun Ampersand Variations sinn just e puer vun deenen 130 lokalen an onofhängege Projeten fir Esch2022 (Esch2022, 2021), déi weisen wéi ee grousst Potential d’Kreatioun zu Lëtzebuerg huet.
Eng zweet Ronn eidel Verspriechen
Nohaltegkeet ass dat grousst Stéchwuert, wat déi Responsabel vun der Escher Kulturpolitik der Press, der Oppositioun an der Bevëlkerung entgéintschleideren. Den 12 Oktober 2022 stëmmt de gesamten Escher Gemengerot déi näechst Versioun vun der Escher Kulturstrategie: de Plan Connexions 2.
D’Zil vum Plan Connexions I wier voll erreecht ginn, sou de Pim Knaff an der Sëtzung. De Beweis si “flott Biller” an eng Autoevaluatioun, déi vum Kultuerservice selwer duerchgefouert gouf. Den neie Pabeier, deen de Pim Knaff elo op den Dësch leet, ass, a sengen eegene Wierder:
“keng Kulturstrategie, mee eng feuille de route […] déi 100te Missiounen ginn éischt no an no an deenen näechste Méint mat all den Kultur-Acteuren festgehalen” (Escher Gemengerot, 2022)
Éischt dann géif eng tatsächlech Kulturstrategie stoen. Dës Strategie gouf versprach fir Enn 2022 an existéiert bis haut nach net.
Ëmmerhin geet aus der Feuille de Route ervir, wat aus dem Bâtiment 4 hätt gi kënnen:
“En juin 2023, le Bâtiment 4 sera pérennisé : les bâtisseur∙euse∙s devront d’abord faire un point de leur travail en 2021-2022 et sur l’orientation souhaitée du Tiers-lieu, au sein d’un projet structuré. L’étude menée par la Ville d’Esch / Esch2022 / l’Œuvre Nationale de Secours Grande Duchesse Charlotte / Université d’Avignon sur la participation dans les Tiers-lieux et qui sera rendue début 2023 devra soutenir cette réflexion. Puis frEsch et la Ville vont soutenir le nouveau projet du Bâtiment 4.” (Connexions 2)
De Bilan vum Kulturjoer

(Vun deenen, déi sech 2019 knippse gelooss hunn, ass Enn 2023 keen*t méi responsabel. Quell: Esch2022, 2019)
D’Joer vun der Kulturhaaptstad ass mol nach net ganz eriwwer, scho fänkt d’Schluecht ëm de Fazit un, wuel och en vue vun de Gemengewalen 2023. Als “ganz positiv” bezeechnen de Georges Mischo an de Pim Knaff hier Bilanz (Land, 2022), d’Ex-Buergermeeschtesch Vera Spautz seet “Das Kulturjahr ist verkauft worden” (Tageblatt, 2022).
Gläichzäiteg stellt sech d’Fro vun der vill zitéierter Nohaltegkeet. D’Directrice vun Esch2022 versicht ee leschten Impuls ze ginn (Wort, 2023) an appelléiert, ouni nach vun iergendengem wouergeholl ze ginn, dass Esch2022 lo nohalteg verankert gi misst. Am Lëtzebuerger Parlament schwätzt si ë.a. d’Finanzéierung vu Projeten un, déi lo riskéiert auszebleiwen (Chd.lu, 2023 - S.4).
Dem Rapport vun Esch2022 no hunn am Kader vun der Kulturhaaptstad 124 Projeten am Bâtiment 4 stattfonnt, 85% dovunner woren Esch2022-Projeten (S.46). Fir dës Projeten ass no 2022 näischt méi virgesinn. De Kulturministère gesäit d’Responsabilitéit fir d’Nohaltegkeet vun Esch2022 bei de Gemengen, d’Stad Esch spiert sech awer net an der Verantwortung (Woxx, 2023). Innerhalb kierzester Zäit baue sech d’Aktivitéiten zu Esch a besonnesch am Bâtiment 4 of. D’Potential geet verluer.
Den éischte grousse Coup géint de Bâtiment 4

Schonn am Dezember 2022 kucke sech d’Equipen vu Francofolies a Nuit de la Culture Räim am Bâtiment 4 un. Elo no Esch2022 soll aus dem Bâtiment 4 d’Zentral vun enger “Biennale” ginn. Blöderweis ass de Bâtiment 4 awer nach net ganz eidel.
An der éischter Entrevue iwwerhaapt, fir déi de Kulturschäffe Pim Knaff am Februar 2023 bei d’Associatiounen an den Bâtiment 4 kënnt, erkläert hien d’Selbstverwaltung fir riwwer. Doriwwer eraus wier onkloer, ob de Vertrag mat Arcelor-Mittal fir de Bâtiment 4 nach nom 31. Mee weiderlafe géif. Domat läit de Bâtiment 4 op Äis. D’Gebai huet zu deem Zäitpunkt keen eegent Personal, kee Budget a keng Zukunftsperspektiv méi. Richtung22 protestéiert ëffentlech géint d’Escher Kulturpolitik.
frEsch geet souguer nach méi wäit: Zwou vun deenen aktivsten Gruppen, de Projet F.u.t.u.r.e. vu CELL an de Projet Bunker, dee vun Noc.turn ënnerstëtzt gëtt, gi kuerzfristeg virun d’Dier gesat. Et sinn dës béid Projeten, déi nach ëmmer déi meescht extern Leit an de Bâtiment 4 gelackelt an och d’Plaz virum B4 belieft hunn.
Kulturpolitik no de Gemengewalen 2023
No de Gemengewalen ass kloer: Et kann alles sou weidergoe wéi virdrun. De Loïc Clairet ass Directeur général vu frEsch ginn, a präsentéiert de Programm fir d’Biennale zu Esch 2024. Dat passt: Zu Mons, wou de Loïc Clairet virdrunner geschafft huet, wor och eng Biennale d’Wonnerléisung no der Kulturhaaptstad.
Well frEsch lo awer schlussendlech och den B5, déi al Arcelor-Mittal University, halen däerf, geet den Interessi um Bâtiment 4 op ee mol nees verluer. Vill Säll vum Bâtiment 4 sinn eidel. Eng Reunioun fir Juni vum CA vu frEsch, an där iwwer d’Zukunft vum Bâtiment4 diskutéiert gi sollt, gëtt op onbestëmmten Zäit verréckelt. Am Vakuum am B4 kënnt et souguer zu enger kierperlecher Attack vum Facilitateur technique op ee Member vum Bunker-Grupp, deen nach Saachen an de B4 siche komm wor.
Éischt am Oktober 2023 gëtt d’Oppositioun zu Esch nees sou lues wakreg an d’LSAP stellt eng gréisser Serie u Froen un den Kulturschäffe Pim Knaff. Domat annoncéiert sech, dass d’Kulturpolitik, an där bis 2022 meeschtens Unanimitéit um Niveau vum Gemengerot fir Rou a Stabilitéit gesuergt huet, elo am Zentrum vun der politescher Ausernaanersetzung stoe wäert.
Onroueg Zäiten zu Esch
Méintelaang geschitt am Bâtiment 4 näischt, da kréien ouni Virwarnung 3 Kënschtler*innen an och de Konschtkollektiv Richtung22 hier Räim gekënnegt. Richtung22 sicht als éischt de Kontakt mat frEsch, kritt awer keng Äntwert a mécht de Virgank doropshi public. D’Press beriicht iwwert de Fall an de Pim Knaff décidéiert d’Expulsioun vum Konschtkollektiv net duerchzezéien. An enger Sëtzung vum Gemengerot versprécht hien eng Mediatioun tëscht frEsch a Richtung22 (Ab 1:06:00).
Zwou Wochen duerno steet eng ganz aner Affär am Zentrum vun ëffentlechen Diskussiounen: Reporter reveléiert, dass de Kulturschäffen Pim Knaff wéinst schwéierem Steierbedruch veruerdeelt ginn ass. De Skandal dominéiert iwwer Wochen d’Beriichterstattung aus Esch. Erstaunlecherweis ginn et awer keng Konsequenzen fir de Pim Knaff. D’Koalitiounspartner fäerten de Muechtverloscht an d’Oppositioun bleift gréisstendeels passiv.
Wäerenddeems leeft de Partyprogramm vum Loïc Clairet ongestéiert nom Schema vun de leschte Jore weider. Den David Guetta trëtt op de Francofolies 2024 op. Fir déi dekadent Ouverture vun der Biennale (Chronicle, 2024), fléissen onheemlech Zommen un Compagnien vun ausserhalb vun der Groussregioun. D’Contributioun vu lokale Kënschtler*inne reduzéiert sech op e puer Dänzer*innen an op d’Ambiance-Musek vun der Aftershow.
Teflon-frEsch
Duerch säi Steierskandal steet de Pim Knaff lo ënner Beobachtung. No Jore vun Intransparenz muss hien zouloossen, dass detailléiert Finanzbilanen vu frEsch un d’Oppositiounsparteie verschéckt ginn (Wort, 2024). Flagrant Interessenskonflikter gi siichtbar. D’Tageblatt deckt eng Rei vu Geschichten ronderëm frEsch op, ë.a. déi vill Niewenjobs vum frEsch-Direkter Loïc Clairet. Mee och hei bis haut: Keng Konsequenzen.
Zanter deems frEsch probéiert Richtung22 aus dem Bâtiment 4 ze geheien ass den Chef vum Escher Kulturservice, de Ralph Waltmans, am Krankeschäin. Hien wor et, deen nach kuerz virdrunner d’Expulsioun vum Kollektiv an d’Weeër geleed hat. Eng Mediatoun gëtt vu frEsch éischt am Oktober 2024 lancéiert, bis haut verweigert sech de CA vu frEsch engem direkte Gespréich mat Richtung22. Den Ex-Responsable Ralph Waltmans ass ennerdeems bei de Ministère de l’Education als Inklusiouns- an Innovatiounsbeoptragten gewiesselt.
Wéi et mam Bâtiment4 weidergoe wäert ass onkloer. D’Gebai bleift domat ee Symbol fir eng Kulturpolitik déi sech net traut un d’Potential vun der eegener Stad ze gleewen. Amplaz op déi eege Strategie, lokal Kënschtler*innen an d’Zesummenaarbecht vun deenen eegene Kulturinstitutiounen ze setzen, gi Milliounen an déi generesch Rezepter vun profitorientéierte Kulturberoder gestach.